
En Automobilist war grad ënnerwee a Richtung Steebrécken, wéi hannert engem geparkte Won ee Foussgänger erauskomm ass an iwwer d'Strooss gelaf ass.
De Foussgänger ass fir d'éischt um Capot vum Auto opgeschloen an ass du widder ee geparkte Won geschleidert ginn.
D'Rettungsdéngschter hunn nach op der Plaz no him gekuckt, ier de Blesséierten an d'Spidol huet missen ageliwwert ginn.