Dat gëtt de Wirtschaftsminister Franz Fayot zou, nodeems een a sengem Ministère en entspriechenden Avis vum Rechnungshaff analyséiert hat. Hie verweist op en neie Gesetzprojet, deen d'Prozeduren an esou Ventë besser reegelen a méi transparent maache soll.
D'Oppositioun kritiséiert nach ëmmer, dass déi Terrainen 2017 duerch e Cavalier seul vum deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider ouni extern Expertise verkaf gi wären. Méi koum bei der Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun um Méindeg, an déi de Franz Fayot convoquéiert war, net eraus.
An der leschter Sëtzung war festgehale ginn, dass béid concernéiert Ministeren, dee fir d'Wirtschaft Franz Fayot an dee fir d'Finanze Pierre Gramegna, an d'Chamberkommissioun convoquéiert ginn. Si koumen awer net zesummen. De Finanzminister kënnt eréischt d'nächst Woch.
Keen neien Ament also an der Fro, ob de Pierre Gramegna als Finanzminister effektiv net an d'Geschäft mam Jugurtsproduzent Fage agebonne war.
D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Diane Adehm: ''Et ass guer net iwwer déi Commission spéciale gaangen. Dat Ganzt ass direkt bei den Enregistrement gaangen an do aktéiert ginn. Esou wéi ech dat verstanen hunn, ass deen Akt guer net vu Ministeren ënnerschriwwe ginn.''
Interpretatiounsdivergenze gëtt et dann an der Fro, ob esou eng Vente vun Terrainen, déi dem Staat gehéieren an enger Spezial-Kommissioun, mat dobäi dem Finanzministère, mussen diskutéiert ginn. E Reglement gesäit dat op alle Fall vir. Mä dat staamt aus dem Joer 1993. Den haitege Wirtschaftsminister Franz Fayot erkläert säi Point de vue, betount awer op en Neits, dass hien deemools beim Verkaf net Regierungsmember war.
''Ech weess awer, dass et Beamten aus dem Ministère waren, déi d'Negociatioun gefouert hunn. Déi vläicht net grad esou dokumentéiert gi war, a formell ofgelaf ass, wéi dat hätt solle sinn, op Grond vu Gesetzer, déi awer och net méi richteg der Realitéit entsprach hunn. Hei ass mengem Virgänger e Präis ënnerbreet ginn. An deen huet deemools decidéiert, dass et am Sënn vun der ekonomescher Entwécklung eng gutt Iddi wär.''
De Präis vum Terrain, souwuel vun der Vente u Fage ewéi och vum Zréckkaf vum Staat, 30 Milliounen Euro fir 15 Hektar, wär ok. Et wär eben e groussen Terrain exklusiv fir Industrie, seet de Minister.
An d'Diane Adehm freet sech: ''Firwat verkafe mir den Terrain? Op déi Äntwert konnt en eis nach net ëmmer richteg äntweren.''
Dem Franz Fayot no hätt d'Famill hannert der Firma Fage dorop bestanen, den Terrain ze kafen. Déi genee Grënn dofir, géif hien net kennen. Vläicht emotional Grënn.
De Minister seet, dat eenzegt, wat hien elo maache kéint, wär de Recommandatioune vun der Cours des Comptes Rechnung ze droen. En neie Gesetzprojet soll Formfeeler ewéi déi am Dossier Fage verhënneren.
