Lifelong Learning CenterFormation continue fir Senioren

RTL Lëtzebuerg
Beim Lifelong Learning Center ginn et vun elo un och speziell Formatioune fir Leit vu 60 Joer un.
© AFP

Am Lifelong Learning Center, der Formation continue vun der Chambre des salariés waren d'lescht Joer 12.000 Kandidaten. Déi meescht dovunner, méi wéi 10.000, hate sech fir d'Owescoursen, fir d'Seminären d'Formatioun iwwer Internet oder d'Lëtzebuergesch Coursen ageschriwwen. Eng 1.600 Leit hu berufflech Zertifikatioune gemaach.
Ganz nei ass elo, datt et am Lifelong Learning Center Formatioune ginn, déi speziell fir Seniore sinn.

Extrait Nora Back

D'Nora Back, d'Presidentin vun der Chambre des salariés: Dat ass eng nei Iddi an déi kënnt ganz gutt un an et ass flott. Mir hunn eng extra Broschür fir d'Formatioun fir Senioren. Et geet vun bis. Et si Saachen déi een am Liewen am Alldag brauch, Coursen iwwer d'Pensioun preparéieren, méi inhaltlech Coursen zu de Pensiounen, bis hin zu Saachen déi engem am Liewe Spaass maachen. Wou ee seet, do wëll ech e Cours maachen am Baken, am Kachen an ech mengen dat ass wierklech ee gutt Angebot, wou gutt drop zeréckgegraff gëtt an dat ass dann och méi zur Fräizaitgestaltung an zur Beschäftegung vun de Senioren.   

D'Formatioune si fir Leit vu 60 Joer un.

Vun dëser Rentrée un, ginn et iwwregens elo och Formatiounen zu Réimech an déi zu Wolz goufen ausgebaut.

Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vum Lifelong Learning Center.

Back to Top
CIM LOGO