"Research Luxembourg"Firwat waren d'Corona-Projektioune vill méi pessimistech?

Carine Lemmer
Rezent Projektiounen hate ville Leit Angscht gemaach. Ëm sou méi berouegt war een, datt dës net Realitéit gi sinn. Ware se falsch? Gouf net Panik gemaach?
Firwat waren d'Corona-Projektioune vill méi pessimistech?
Rezent Projektiounen hate ville Leit Angscht gemaach. Ëm sou méi berouegt war een, datt dës net Realitéit gi sinn. Ware se falsch? Gouf net Panik gemaach?

Firwat waren d'Corona-Projektioune sou pessimistesch?

De Prof. Paul Wilmes:"Déi Projektioune beroue jo awer op mathematesche Modeller, déi rëm eng Kéier net falsch sinn, mä dat ass keng Kristallkugel. Dat ass nëmmen e Moyen, fir eng Iddi ze kréien, a wei eng Richtung et geet. Mir hunn jo awer ganz kloer déi 2. Well viraus gesinn an déi huet sech jo awer och manifestéiert."

Preziséiert gouf, datt de méigleche Verlaf vun der Corona-Kris mat den Zuele vun der éischter Well berechent gouf. Zu där Zäit waren déi vulnerabel Léit méi am Fokus.

Mëttlerweil kann ee mat de Resultater vun de Large-Scale-Tester an dem Wëssen iwwert d’Altersverbreedung méi konkret Prognose berechnen. Kloer Zuele ginn et awer net, sou de Prof. Paul Wilmes.

"Wat kloer ass, ass datt mir de Moment an enger stabiller Situatioun sinn. Mir gesinn awer nach ëmmer, datt mir e linearen Ustieg hunn. Mir haten iwwert déi leschte 4 Wochen am Schnëtt 45 nei Infektiounen, wat awer och net näischt ass. Dat heescht mir sinn op engem stabele Seuil, mä et kann och deementspriechend ganz séier unzéien.”

Gerechent gëtt mat 30% - 70% méi Infektioune vu Mëtt September un. Begrënnt gëtt déi Projektioun mat der Schoulrentrée an den domadder klammende soziale Kontakter, mä awer och mat de Léit, déi aus der Vakanz zeréckkommen.

Nei Analys verëffentlecht: Hausse vun 30-70% bei den Infektioune wier méiglech, sou "Research Luxembourg"
Analys vum Marcel Kramer no: Virus wäert eis déi nächst Méint weider begleeden
Bis Enn August Spideeler iwwerlaascht: Research Luxembourg: Zweet Well kéint däitlech méi schlëmm ausfalen
Research Luxembourg: D'Auslaaschtung vun den Zentere geet an d'Luucht
Research Luxembourg: Op d'mannst 2,6% vun der Populatioun zu Lëtzebuerg hunn aktuell Antikierper
Research Luxembourg: Ekonomesch Relance muss progressiv opgebaut ginn
Research Luxembourg: Flächendeckend Tester vun nächster Woch un, mat voller Kapazitéit vum 1. Juni un
Neie Projet vu Research Luxembourg: Etüd "Predi-Covid" iwwer Ënnerscheeder bei Coronavirus-Symptomer
Covid-19: Research Luxembourg mobiliséiert sech

Back to Top
CIM LOGO