
D'Flüchtlingen zu Calais a Bosnien, Serbien a Griichenland brauche fir déi kal Wanterméint waarm Kleeder an Equipement, fir dass och si déi äiseg Temperaturen iwwerstoe kënnen.
Speziell gebraucht gi Wanter-Strëmp, Pulloveren, Sweatshirten, Wanderschong, Turnschlappen, Zelter, Schlofsäck, Rucksäck, Handyen a Power Banks.
D'Collecte geet nach bis Enn des Mounts.
Fraen- a Kannerkleeder ginn den Ament net gebraucht.
Hei e Portrait vum Fabienne Dimmer, wat sech mat "Catch a Smile" fir Flüchtlingen asetzt: