ChamberFinanzéierungsgesetzer fir amerikanescht Militärlager an Nordstad-Lycée gestëmmt

Maxime Gillen
An der Chamber gouf en Dënschdeg zwar vill, awer net nëmmen iwwert d'Corona-Pandemie diskutéiert.
© AFP (Archiv)

Um Ordre du Jour stoungen och eng Rei Gesetzesprojeten, dorënner zwee Finanzéierungsgesetzer. Eng Kéier fir de Fonctionnement an d'Extensioun vum amerikanesche Militärlager WSA zu Suessem an eng Kéier fir deen neie Campus vum Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng un der Sauer.

Finanzéierungsgesetzer gestëmmt/Reportage Maxime Gillen

Nieft der Finanzéierung fir déi nächst 8 Joer vun der Warehouse Service Agency, also dem Lager vun der US-Loftwaff, gouf och eng Investitioun fir eng Extensioun gestëmmt. Dës géif mat sech bréngen, dass an den nächste Joren eng 190 zousätzlech Aarbechtsplazen hei geschaaft ginn, wéi den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf betount huet.

"Wat och gutt ass um Projet, dat ass d'Visibilitéit duerch dëse Projet. Mir hunn am Fong geholl doduerch eng grouss Visibilitéit. Dat ass diplomatesch ganz wichteg an esou huet Lëtzebuerg eng privilegiéiert Relatioun mat den Amerikaner, doduerch dass op eisem Land esou e Lager steet. An dee leschte Punkt, dat fannen ech och gutt, wierklech, dat ass den Effort de défense, dass mir dat als solche kënne consideréieren."

Kritik um Projet gouf et virop vun déi Lénk, déi sech géint weider Militärdepensë stellen an déi deemno och géint de Projet gestëmmt hunn. Dëse gouf deemno mat 58 Jo- an zwou Nee-Stëmmen ugeholl.

Den zweete Finanzéierungsprojet, deen en Dënschdeg zum Vott stoung, ass dee vum Nordstad-Lycée, deen zanter Jore schonn ze kleng ass, fir dat, wat eigentlech géif gebraucht ginn. Fir déi provisoresch Solutiounen elo endlech duerch eng definitiv Struktur z'ersetzen, ass zu Ierpeldeng un der Sauer de Bau vun engem komplett neie Campus vum Nordstad-Lycée geplangt.

Problem bei deem Ganzen ass allerdéngs, dass den Terrain, wou dee Projet soll entstoen, nach iwwerhaapt net dem Staat gehéiert an dofir ass an deem neie Gesetz d'Optioun vun enger Expropriatioun virgesinn, esou de Bauteminister François Bausch.

"Iergendwou muss ee sech eng Kéier d'Fro stellen, wéini ass dann den Zäitpunkt komm, wou ee muss op aner Mëttel zeréckgräifen, fir dass een esou e Lycée wéi dat do iwwerhaapt nach ka bauen. Ech wëll Iech och soen, dat ass keen Eenzelfall méi entretemps, egal wou mir am Land no Terraine sichen. An ech mengen, d'Gemenge wëssen et och, deene geet et net vill besser. Et gëtt ëmmer méi schwéier."

De Bau vum Lycée kann dann och eréischt fréistens 2027 ufänken. De Budget dofir ass am Gesetz mat 157,3 Milliounen Euro ugesat.

Back to Top
CIM LOGO