Fir déi, déi net drop verzichte kënnen, heescht et deemno, virun d'Dier goen, wann een no enger eng Zigarett glëscht. Mä och dat stéiert nach eng Rëtsch Leit, déi op der Terrasse sëtzen an dee ganzen Damp net an d'Gesicht wëlle kréien. Dofir gouf d'lescht Joer eng Petitioun fir ee Fëmmverbuet op den Terrassen eragereecht, déi knapp 5.000 Ënnerschrëfte krut.
Ufank vum Joer gouf d'Petitioun dunn an engem ëffentlechen Debat an der Chamber diskutéiert. Et huet allerdéngs net laang gedauert, bis eng aner Petitioun, déi d'Fëmmrecht op den Terrasse gefuerdert huet, och de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht hat. Wéinst deenen entgéintgesate Positiounen, reagéieren d'Chambre de Commerce, d'Horesca an den zoustännege Ministère elo mat enger Campagne.
Flyeren a Chevalete fir op d’Dëscher goufen deemno ugangs Juli un déi gutt 1.000 Bistroen a 1.600 Restauranten am Land verschéckt.
De Mëttelstand- an Tourismusminister Lex Delles mengt an deem Kontext, datt een net ëmmer misst ee Gesetz maachen. "Hei geet et ëm elementar Reegele vum Zesummeliewen an kee Gesetz vun der Welt ersetzt d'Reegele vum guddem Zesummeliewen. An hei ass einfach een Thema, wou een d'Leit einfach nëmme ka sensibiliséieren. Datt een oppasst, wann ee fëmmt, datt niewendrun vläicht ee sëtzt, deen dat stéiert. Da fëmmt een ebe keng oder et passt een op, wou een den Damp hibléist", esou de Lex Delles.
Fëmmerten an Net-Fëmmerten, respektéiert iech! Dat ass also de Message vun der Campagne, deen d'Horesca vermëttele wëll. Dobäi wier et awer ëmmer nach wichteg, de Patrone fräi Hand ze loossen, a selwer ze decidéieren, wéi eng Clientèle si gären hätten, a wat fir hire Betrib am beschten ass. De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp positionéiert sech ganz kloer, wann et ëm d'Fro vum Fëmmverbuet op den Terrass geet. "E Fëmmverbuet op der Terrass, wou bréngt dat dann eppes?", freet sech de François Koepp. "Wou däerf een dann an Zukunft nach fëmmen? 50 Meter virum Bistro, 50 Meter hannert dem Bistro, virun der Terrass? Da geet den Damp och iergendwou hin. Ech mengen, dat géif net vill Sënn maachen. A wann een dann 100 Meter virum Café dierf fëmmen, da gëtt et an der Stad flott, well dann dierf ech néirens méi fëmmen.
Et bleift deemno ofzewaarden, ob d'Leit sech dann elo méi Gedanken iwwert déi aner maachen an esou fir ee bessert Zesummeliewe suergen. Wann d'Betriber nach gären Informatiounsmaterial iwwert d'Campagne hätten, brauchen se sech nëmme bei der Horesca ze mellen.