Buerschent: Astronomie-KonferenzFaszinatioun fir Raumfaart an Naturwëssenschaften hat ugestach

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Moundlandung: dat war deemools eng Sensatioun an ass et haut nach ëmmer.
Buerschent: Astronomie-Konferenz
Déi éischt Moundlandung: dat war deemools eng Sensatioun an ass et haut nach ëmmer.

Den 21 Juli 1969 war eng laang Nuecht oder e fréie Muere fir vill Spectateuren. 600 Millioune Mënschen aus 49 verschiddene Länner hunn d'Landung doheem oder beim Noper op der Tëlee mat verfollegt.

D'Landung gouf och zu Lëtzebuerg suivéiert a 50 Joer méi spéit och gefeiert, dat mat enger Konferenz zu Buerschent.

D'Faszinatioun fir d'Raumfaart an d'Naturwëssenschaften hat e Samschdeg och d'Gemeng Buerschent ugestach. Um Buerschenter Schlass war et d'Anniversaire-Konferenz fir Mound- an Stären-Begeeschterter vun de Lëtzebuerger Amateur-Astronomen.

Fir Grouss a Kleng goufe Phenomener ewéi Flut an Ebe, de Blutt-Mound a villes méi erkläert.

Begeeschtert gouf op d'Moundlandung vu viru 50 Joer zeréckgekuckt. De Presentateur: Professer, Ingenieur Nicolas Feierstein, kann ewéi vill Enthusiasten sech nach drun erënneren, wou hien d'Landung gekuckt huet.

Ma d'Moundlandung vun deemools war net nëmmen e politescht Muechtspill zur Zäit vum Kale Krich. Ouni d'Moundlandung wier d'Welt, ewéi mer se haut kennen, ganz anescht an technesch net esou wäit entwéckelt.

An d'Stäre gouf e Samschdeg den Owend awer och gekuckt, och wann d'Konditiounen zu Lëtzebuerg net ideal si wéinst der héijer Luuchten-Pollutioun, gesäit een awer esou munches.

Ob mer a 50 Joer e grousst 100-Joer-Jubiläum vun der Moundlandung zu Buerschent feieren oder awer villäicht 10 Joer no der éischter Marslandung, dat steet fir den Ament sécher nach an den Stären.

Back to Top
CIM LOGO