
Déi Jonk vun der CSV kéinten net verstoen, firwat hir Grousselteren net vum zoustännege Ministère ënnert d'Äerm gegraff kréien. Ma Scouten, Gemengen an aner Organisatioune géifen hir Hëllef ubidden.
D'CSJ fuerdert, de Familljeministère misst sech schrëftlech bei all Persoun iwwer 70 Joer mellen, fir geziilt ze kucken, wie wat brauch. Den Aktiounsplang fir eeler Leit, deen d'CSV nach dës Woch an der Chamber an enger Motioun gefrot hat an dee verworf gouf, sollt ausgeschafft ginn.
De Ministère misst kucken, datt déi eeler Leit, déi doheem wunnen, prioritär geimpft kënne ginn, fir datt Leit sech net méi isoléiere mussen. An d'Corinne Cahen sollt endlech ee Gesamtkonzept fir all d'Strukturen ausschaffen.
Generell vermëssen déi jonk Chrëschtlechsozial Fangerspëtzegefill bei der Regierung fir den Terrain, wou ëmmer rëm Leit am Reen stoe gelooss ginn. D'Regierung misst ufänken, deene bäizestoen, déi am meeschten ënnert der Pandemie leiden.