Ënner AlkoholaflossFalsche Wee duerch de Sens unique an engem Polizist iwwert de Fouss gefuer

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Geriicht goufen e Méindeg zwou Geldstrofen an e Fuerverbuet vun 21 Méint fir e Mann gefrot, deen am Mee ënner Alkoholafloss gefuer ass.

Den Ugekloten, deen e Méindeg net fir säi Prozess ugetrueden ass, war viru 6 Méint zu Déifferdeng mat senger Camionnette de falsche Wee duerch e Sens unique gefuer. Wéi e Polizist hien ugeschwat huet, hat den Automobilist Gas ginn an ass dem Beamte vun der Police iwwert de Fouss gefuer. Eréischt no e puer Meter ass hie stoe bliwwen.

2,08 Promill Alkohol hat de Chauffer am Blutt. D'Uerteel ass fir den 18. November.

Back to Top
CIM LOGO