Corinne CahenFäll an Alters- a Fleegeheemer confirméiert, Leit solle méi virsiichteg sinn

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d'Familljeministesch Corinne Cahen e Samschdeg am RTL-Interview.
D'Corinne Cahen iwwer d'Altersheemer
Et kann net sinn, datt vulnerabel Leit agespaart ginn, well Jonker net oppassen.

Dofir misste grad an den Alters- a Fleegeheemer déi sanitär Reegele gutt respektéiert ginn. Rezent hätte sech nees an engem Haus Awunner mam Virus infizéiert, sou d'Corinne Cahen.

D'Corinne Cahen iwwer d'Altersheemer

"Wou Demenz-erkrankte Leit liewen a wann do een natierlech de Virus mat erabréngt, da sinn der direkt e puer krank, dat heescht, do ass ee Grupp vu Leit, dee krank ass, wou awer d'Symptomer net besonnesch schlëmm sinn an dofir ass dat Haus natierlech elo nees e bësse méi confinéiert. Am Allgemengen ass et awer esou, dass mer éischter den Opruff maachen, datt d'Leit alleguer sech sollen un dat halen, wat d'Chargés de direction fir hiert eegent Haus eben decidéieren, well si kennen hiert Haus an hir Awunner am beschten an et geet jo am Fong drëm, eis Léifsten ze schützen, dass mer d'Leit net ustiechen, am Fall wou mir Porteur vum Virus wären, well mir wësse jo, dass déi vulnerabel Leit ebe méi krank kënne ginn."

Iwwerdeems wieren an engem aneren Haus eng Rei Leit vum Personal a Quarantän, esou nach d'Familljeministesch.

Et ass schwéier, aner Leit anzespären, wa Jonker vläicht manner oppassen

Corinne Cahen mécht en Appell
...

RTL-News: Altersheemer - Confirméierte Covid-Fall an engem Haus vu Servior

Back to Top
CIM LOGO