Avis vun der MënscherechtskommissiounExtrem kuerz Delaie fragiliséieren de Rechtsstaat

RTL Lëtzebuerg
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) kritiséiert op en Neits, datt d'Gesetzer nach ëmmer an der Hetz geschriwwen a gestëmmt ginn.

D'CCDH huet um Mëttwoch hiren Avis publizéiert zum neie COVID-Gesetz, datt um Donneschde soll an der Chamber gestëmmt ginn, an dëse fält, wéi och schonn déi 2 virdrun, nawell kritesch aus.

D'Gesetz, fir dat d'Mënscherechtskommissioun, an och déi aner Acteuren, kommentéiere sollen, gouf e Méindeg presentéiert, 4 Deeg nodeems dat lescht Gesetz gestëmmt gouf, a soll bannent 4 Deeg duerch d'Chamber kommen. Den demokratesche Prozess an d'Qualitéit vun den Texter géif leiden, wann an esou enken Delaie misst geschafft ginn, esou d'CCDH. Et misst manner an der Urgence geschafft ginn, virun allem vue dass d'Regierung selwer sot, et misst een eng Zäit ofwaarden, fir ze kucken, op Mesure gräifen.

Fir d'CCDH ass et net ze verstoen, datt d'Chamber d'Gesetz d'lescht Woch an der Urgence gestëmmt huet, wa schonn deemools kloer war, datt et net géing duergoen. Wa Gesetzer, déi esou e staarken Impakt op d'Grondrechter hätten, an esou enger Hetz geschriwwen a gestëmmt géife ginn, géif dat de Rechtsstaat fragiliséieren, schreift d'Mënscherechtskommissioun.

Zu den neien Aschränkunge vun der Versammlungsfräiheet, mam neie Gesetz dierf een net méi wéi 10 Persoune bei sech Doheem ëmfänken, freet sech d'CCDH, op dës Restriktiounen effikass sinn, fir d'Verbreede vum Virus anzedämmen, oder ob et net méi effikass Mesure géife ginn, déi d'Grondrechter manner beschneide géifen. An hei kennt d'Mënscherechtskommissioun op hir Kritik vun hiren aneren Avisen zréck: et géif een d'Aussoe vun der Regierung, d'Leit géife sech virun allem am Privatem ustiechen, net a Fro stellen, ma dat wier net z'iwwerpréiwen, well ee keen Accès op d'Donnéeën hätt.

Wuel géif d'COVID-19 Task Force an hirem Rapport vum Sonndeg undeiten, datt Restriktiounen am Privatem néideg wieren, och wann de Begrëff an den Ae vun der CCDH net kloer genuch definéiert ass. Hei géing awer och rieds vum Teletravail an dem Verstäerke vun der Tracing-Ekipp, déi een awer net am Text erëmfanne géif. D'Mënscherechtskommissioun wonnert sech dann och iwwert Aussoe vun der Regierung, d'Resultater vum Contact Tracing wiere keng konkret Donnéeën an et kéint een se zu dësem Moment net publizéieren, vue datt se sech jo awer dorop baséiert.

D'Donnéeë vum Contact Tracing, wou d'Leit sech ustiechen, misste systematesch publizéiert ginn, fuerdert d'CCDH. Perséinlech Donnéeë misste wuel anonymiséiert ginn, dierften awer net als Virwand benotzt ginn, fir Informatiounen iwwert d'Plazen a Secteuren, wou d'Leit sech ustiechen, zréckzehalen. Dat wier engersäits wichteg, fir erauszefannen, ob et strukturell Problemer a verschiddene Secteure ginn, zum Beispill well d'Recht op en uerdentleche Logement net géif respektéiert ginn oder Leit a prekäre Konditioune schaffen. Anerersäits géif et jidderengem erlaben, d'Decisioune vun der Regierung nozevollzéien an zum Beispill ze verstoen, firwat de Risiko bei Leit Doheem als méi héich ageschat gëtt, wéi am Restaurant oder beim Sport.

Wat déi nei Sanktioune vu 25 bis 500€ fir Leit, déi sech net un den Isolement oder d'Quarantän halen, ugeet, fuerdert d'CCDH, datt déi concernéiert Acteuren och genuch Personal mussen hunn, fir där neier Aufgab gerecht ze ginn. D'CCDH begréisst, datt d'Strof net ze héich ass, freet sech awer, ob dat d'Leit net kéint dovunner ofhalen, all hir Kontakter matzedeelen.

Et misst een hei och oppassen, datt duerch d'Sanktioune kee Risiko vun Diskriminatioun géif entstoen. D'CCDH berifft sech op Aussoe vun der Gesondheetsministesch an der Press, datt ee bei Persounen, déi keng Openthaltsgeneemegung hätten an/oder schwaarz géife schaffen, gemierkt hätt, datt se sech net ëmmer un d'Quarantän géifen oder kéinten halen. Et dierft net sinn, datt dës Leit, déi schonn a prekäre Situatioune wieren, duerch déi nei Sanktioune weider penaliséiert ginn.

D'CCDH fuerdert iwwerdeems op en Neits, datt d'Definitioun vum Isolement a vun der Quarantän musse präziséiert ginn a mécht drop opmierksam, datt wuel eng Rekursméiglechkeet virum Verwaltungsgeriicht méiglech wier, de President dovun a sengem Avis awer schreift "l'accès aux locaux du tribunal administratif d'une telle personne infectée ou "à haut risque d'être infectées" sera purement et simplement refusé". D'Prozedur misst onbedéngt iwwerschafft ginn, esou d'Mënscherechtskommissioun, fir den Accès op d'Justiz an op d'Rekursméiglechkeeten ze garantéieren.

Avis vun der CCDH

Back to Top
CIM LOGO