No BerlinEx-Sportler deit Anti-Corona-Demo zu Lëtzebuerg un

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Vëlosprofi an DP-Kandidat bei de Chamberwalen 2009 Benoît Joachim war op enger Demonstratioun géint Corona-Mesuren zu Berlin dobäi.

Op senger Facebook-Säit huet de fréiere Profisportler eng Foto verëffentlecht, op där hie mat enger aner Persoun zesumme virum Brandenburger Tor poséiert mat engem Schëld op deem steet "Ehrliche Regierung ohne Lobbyismus". Iwwert der Foto schreift de Benoît Joachim "Berlin now, LUXEMBOURG next", also "Elo Berlin, Lëtzebuerg als nächst".

Méi Detailer iwwert eng méiglech Demonstratioun hei am Land ginn net genannt.

Zu Berlin haten de Weekend Zéngdausende Leit géint déi sanitär Mesure vun der Regierung protestéiert an dobäi weder Distanz vunenee gehalen, nach eng Mask ugedoen. Ënnert hinnen och vill Rietsextremer. Um Bord vun der, gréisstendeels friddlecher, Manifestatioun, huet e Grupp vu Rietsextreme versicht, de Reichstag ze stiermen.

Ënnert dem Facebook-Post gëtt de Benoît Joachim deels gelueft, deels awer och schaarf kritiséiert an opgefuerdert, sech ze distanzéieren, notamment wéinst der Participatioun vu Rietsextremen. Verschidde Commentateuren hunn en Zitat vum däitsche Kabarettist Christian Springer gepost: "Wo die Reichskriegsflagge weht, darf man nicht mitlaufen. PUNKT."

Op d'Kritik äntwert den Ex-Coureur, déi sougenannten "Querdenken"-Demo, un där hien Deel geholl huet, hätt näischt mat de Rietsextremen ze di gehat hätt: "es waren keine « rechten » unter den fast 1 Mio. Menschen erkennbar, ihr lest gerade leider über eine andere Demonstration. bitte erst richtig informieren." Hien huet iwwerdeems e Video vum Evenement an de Commentaire gepost, vum Youtuber Samuel Eckert, deen ewell der däitscher Faktencheck-Plattform Correctiv opgefall ass, well e falsch oder ierféierend Informatioune verbreet huet.

Och de Chef vun der Stuttgarter Initiative Querdenken 711, déi zur Demonstratioun opgeruff hat, Michael Ballweg huet sech mëttlerweil vum Tëschefall virum Reichstag distanzéiert an dem Bannesenator vu Berlin Andreas Geisel (SPD) d'Schold doru ginn, deen d'Gebai net genuch protegéiert hätt.

Hei zu Lëtzebuerg goufen och schonn Evenementer organiséiert vu Gruppen, déi d'Corona-Pandemie an d'Mesuren, déi an der Lutte géint de Virus geholl goufen, mat grousser Skepsis gesinn.

RTL: "Rietsextremer wollten op Berliner Corona-Demo Reichstag-Gebai stiermen"
RTL (02.07.): "Covid-19 "ass net vill méi schlëmm wéi eng Gripp""
Correctiv (Faktencheck-Säit)

Back to Top
CIM LOGO