
De Prozess geet géint e 46 Joer alen Ex-Proff, dee sech um Stater Geriicht wéinst „Attentat aux moeurs en relation avec un mineur" ze veräntweren huet. De fréieren Attaché à la Direction vum Bouneweger Lycée Technique kritt ë.a. de Viol vun engem Mannerjärege virgehäit. D'Affer waren zum Zäitpunkt vun de Faiten tëscht 15 a 17 Joer al. Zu de Faite koum et vun Oktober 2011 bis Oktober 2012 a vun Oktober 2014 bis September 2016.
„D'Mineure goufe vun him ugeschriwwen a krute Proposen, fir géint Sue Sex ze hunn. Donieft gounge Fotoen hin an hier a perverst Geschreifs!" De PJ-Enquêteur huet d'Virgoensweis vum Ugekloten, dee Sex mat 13 Mannerjärege gehat hätt, e Méindeg esou beschriwwen.
D'Enquête hat hiren Ufank am Mäerz 2016, wéi d'Eltere vun engem Affer bei de Polizist op de Büro koumen. Do virdrun hat d'Mamm op engem Handy vum Jong Messagë fonnt, déi drop higewisen hunn, datt dee sech prostituéiere géif. D'Affer hätt net gewosst, datt de Mann Proff war, ma unhand vun den Autosplacke wär een op den Enseignant aus dem LTB komm. Bei enger Perquisitioun beim Mann doheem hätt dee gesot, Sex mat Groussjärege gehat ze hunn. Et hätt sech awer séier erausgestallt, datt déi Ausso net gestëmmt huet.
Den Enquêteur huet ënner anerem dovu geschwat, datt et heiansdo net méi ze liese gewiescht wär, wat u pornografeschem Geschreifs hin an hier goung. Exemplaresch fir déi ganz Enquête wär gewiescht, wat de Mann mat engem Mineur vu 16 Joer maache wollt, Vun engem Proff, deen all Dag mat Schüler ze dinn hat, géif hien dat net verstoen, sou de Polizist.
Wéi een de Mann am September 2016 siche goung, sot deen, hie wär net der Meenung, engem Mannerjärege geschuet ze hunn. Villméi hätte si Sue gefrot. Hien hätt hinnen also d'Schold ginn. Eng tragesch Tournure hätt d'Affär dunn dëst Joer geholl, huet den Enquêteur erkläert, well dee Jong, op deen d'Enquête zréckgoung, sech am Juni ënner en Zuch gehäit huet.
Am Februar hat hie Plainte géint den Ex-Proff gemaach wéinst Viol. De jonke Schüler wier net eens gi mat der Situatioun an de Beschëllegten, Zitat, „net ganz onschëlleg" um jonke Mann sengem Selbstmord. De Me Karp huet doropshin als Affekot vun den Elteren a Geschwëster vum Affer 320.000 € Schuedenersatz gefrot.
Dëse Prozess, fir deen am Ganze 4 Sëtzunge virgesi sinn, geet en Dënschdeg de Mëtteg virun.