Jean AsselbornEU muss am Fall Nawalny als eng Stëmm mat Russland diskutéieren

Tim Morizet
Russland, Belarus an de Konflikt tëscht der Tierkei a Griicheland waren déi grouss Sujeten en Dënschdegmoien an zoustänneger Chamberkommissioun.
EU, Belarus an Nawalny
Russland, Belarus an de Konflikt tëscht der Tierkei a Griicheland waren déi grouss Sujeten en Dënschdegmoien an zoustänneger Chamberkommissioun.

Hei war et iwwer annerhallef Stonn den Update fir d'Deputéiert vum Ausseminister Jean Asselborn. Besonnesch am Fall vun der Vergëftung vum russesche Liberal-Politiker Alexei Nawalny, wënscht ee sech op alle Säiten eng séier Opklärung.

Jean Asselborn: “Mir mir sinn net an engem Idealfall. Dofir komme mer elo an eng Situatioun, wou d'verkrampfen tëscht Russland an der Europäescher Unioun weider geet. Ech si keen dee seet, datt dat doe vum Kreml organiséiert gouf. Ech weess dat net a wëll mer et och net virstellen. Mä Fait ass, datt dat doe geschitt ass an mer do eng séier Opklärung brauchen.“

De Jean Asselborn (1)

Et wier ze hoffen, datt d'EU als eng Front mat Russland diskutéiert. Soss géifen Aktiounen, ewéi den eventuelle Baustopp vun der Pipeline NordStream2, déi däitsch, ewéi och Europäesch Ekonomie Milliarde kaschten.

Zanter Brexit an den US-Walen 2016, wier d'Welt an och déi generell Krisebewältegung eng aner. Besonnesch wärend dëser Pandemie géif de wichtegen, perséinleche Kontakt an der Politik feelen.

Jean Asselborn: “Déi aktuell Konflikter falen an eng Zäit era wou et net normal ass diplomatesch Kontakter ze hunn. Et ass eng absolut limitéiert Zuel u Sëtzungen, wou mer eis physesch an d'Ae kënne kucken. Dat wäert och warscheinlech esou am Hierscht weidergoen. Ech hoffen, datt mer als Ausseministeren den 21. September och physesch kënnen zesummekommen.“

De Jean Asselborn (2)

Vill europäesch Drockmëttel hätt een net, esou den CSV-Oppositiounspolitiker Claude Wiseler.

"Den „normale“ Moyen, dee mer hunn an deen ëfters benotzt gëtt, dat heescht ekonomesch Sanktiounen, bréngt erwisenermoossen net vill. Souguer éischter de Géigendeel. Et si Blockagen, déi herno méi de Leit schueden an engem politesch net weiderhëllefen. Hei muss ee bei all Geleeënheet, wou ee kann Opklärung froen. Dat ass net vill als Moyen, mee et ass zu dësem Ament deen eenzegen, dee mer hunn.“

De Claude Wiseler (1)

Et wier een an enger Situatioun, ewéi ee se scho laang net méi kannt hätt, esou den CSV-Politiker. D'Weltuerdnung an d'Roll vun der Europäescher Unioun wär um kippen.

"Déi europäesch Aussepolitik funktionéiert extrem lues an et ass extrem schwéier, e Konsens ze fannen. Mir mussen eis esou séier ewéi méiglech d'Moyene ginn, fir eng europäesch Aussepolitik aus engem Mond ze maachen. Europa brauch seng eegen Aussepolitik, independant vun den anere groussen Natiounen.“

De Claude Wiseler (2)

Hei ass et d'Fuerderung, d'Unanimitéit an der europäescher Aussepolitik ofzeschafen. Also Decisiounen no engem Majoritéite-Vott ze huelen. Ouni den Accord vun all eenzeler Natioun.

De Bléck vun der Unioun géif elo an d'USA goen fir d'Walen am November. Eng Decisioun, déi och d'europäesch Aussepolitik staark influenzéiert.

Back to Top
CIM LOGO