
De Xavier Bettel hätt dem Marie-Josée Jacobs, dem Colette Flesch an dem Romain Schintgen en entspriechende Bréif geschriwwen, schreift d’Lëtzebuerger Wort um Freideg.
Déi 3 sollen elo jugéieren, ob d’Familljen- an Integratiounsministesch d’Recht hat, fir e Mail un de Stater Geschäftsverband mat hirem offizielle Regierung-Account ze verschécken. D’Fro vun engem Interesse-Konflikt steet jo am Raum.
Den 11. November hat d’Corinne Cahen selwer de Premier gefrot, den Ethik-Comité mat der Affär ze befaassen, fir déi ganz Diskussioun, wéi si sot, ze objektivéieren.