
Dat sot eis ee vun den 130 Schüler, déi rezent mat den Témoins de la 2ième génération op Auschwitz waren. Dës Studiërees huet de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens 1997 wärend dem europäesche Joer géint de Rassismus organiséiert an zënterhier kréien all Joers Jonker d'Méiglechkeet, fir matzefueren an dat fréiert Konzentratiouns- a Vernichtungslager, wou d'Nazie bis zu annerhallef Millioune Mënschen op eng brutal Manéier ëmbruecht hunn.
Een deen déi Brutalitéit materlieft huet, ass de Paul Sobol. De Mann huet haut 93 Joer. Hie war grad groussjäreg, wéi hien 1944 zesumme mat senger Famill op Auschwitz deportéiert gouf. Elo geet hien dohinner zeréck, fir seng Erënnerungen un déi méi jonk Generatioune virunzeginn.
"Wann ee kuckt, wéi d'Entwécklungen an Europa an an der Welt sinn, um politeschen, mä och um gesellschaftleche Plang ass et nach méi wichteg, déi Jonk opzeklären, z'informéieren an dohinner matzehuelen, wou Grausamkeete geschitt sinn, déi een sech net ka virstellen", seet d'Kim Schortgen, Member am Comité vun d'Temoins de la deuxième génération.
"Mir kréien all Joer déi selwecht Froe gestallt, mir stellen eis selwer déi selwecht Froe schonn zanter Joren. Wéi ass dat Dote méiglech? Eng Äntwert huet nach kee fonnt, mä wat mer awer kënne maachen, dat ass: mir kënne mat deene Jonken zesummen iwwerleeën, wéi eng Denkprozesser ee kéint uwenden, fir ebe grad wachsam ze sinn a fir ze mierken, wann eppes an der Gesellschaft net ass, wéi et soll sinn, fir vigilant ze bleiwen a fir ze reagéieren", sou d'Kim Schortgen.
D'Demande, fir op dës Studiërees matzegoen, ass immens grouss, heescht et bei den Temoins de la deuxième génération. Esou grouss, datt si där Reesen e puer am Joer kéinte maachen. Vun der Organisatioun hier ass dat fir e klenge Comité, deen aus lauter Fräiwëllege besteet, awer net méiglech, bedauert d'Kim Schortgen. Si mierkt un de Reaktioune vun de Schüler, wéi wichteg dës Reese wierklech sinn.
Genee, dat soten och d'Schülerinnen an d'Schüler, wéi se elo an der Woch no enger Busrees vun iwwer 24 Stonnen erëmkomm sinn. A jidder Eenzelen, dee mat war, huet eppes aus dëser Rees geléiert. Genee dat ass och am Sënn vun den Zäitzeien.