E Méindeg am Nomëtteg war ee Protestpiquet vum OGBL, fir géint d'Ouverture vun de Geschäfter op Feierdeeg ze manifestéieren. Dat Ganzt war virun der Generaldirektioun vun de Classes moyennes um Boulevard Royal.
D'Gewerkschaft fuerdert vum Mëttelstandsminister, dass hie keng Geneemegunge méi dierft ginn, fir dass d'Butteker d'Feierdeeg méi laang ophunn an doriwwer eraus misst d'Gesetz deementspriechend reforméiert ginn, dass d'Geschäfter am grousse ganzen d'Feierdeeg iwwer zoubleiwen.