Dieschbourger MillenEt gouf awer e Valorlux-Schreiwes, dat un d'Verwaltung gaangen ass

RTL Lëtzebuerg
Nom Bréif vun der Opposition, gouf nacheemol gesicht an dësen 200-säitege Courier vum 25. Januar fonnt, mat Äntwerten vun der Valorlux zum Rapport 2019.
Causa Millen Dieschbourg
Ministesch revidéiert Aussoen, Verwaltung huet Schreiwes vun 200 Säite fonnt

Et gouf awer am Januar schonn e Schreiwes vun der Valorlux un d‘Ëmweltamt, fir drop hinzeweisen, datt Dieschbourger Millen, de Familljebetrib an deem d’Ëmweltministesch bis Enn 2013 geschafft huet, net konform mam Verpackungsgesetz ass. Dat sot d‘Carole Dieschbourg en Donneschdeg a revidéiert deemno hir Aussoe vun e Mëttwoch. Dat op Drock vun der Oppositioun, déi jo an engem Bréif un de Chamberpresident Asiicht an dat Schreiwes gefrot hat, dat hiren Informatiounen no den 21. Januar un d‘Verwaltung gaange wier.

Carole Dieschbourg: et gouf awer e Valorlux Schreiwes

Nom Bréif vun der Oppositioun e Mëttwoch, huet d‘Verwaltung nach emol gesicht an dësen 200 Säiten décke Courrier vum 25. Januar fonnt, mat Äntwerte vun der Valorlux zu engem Rapport vun 2019. Iergendwou dran eng Annexe mat der Lëscht vu Betriber, déi net Member bei der Valorlux sinn. Dat wär net den übleche Wee di Lëscht anzereechen, esou d’Ëmweltministesch, se wär och an dem Kontext net gefrot ginn. Cocasse wier och, datt am Courrier vermierkt wär, et géif sech ëm di selwecht Lëscht handelen, déi schonn agereecht gi wier.

Dat wär awer net de Fall. Do war d’Dieschbourger Mille jo nach net drop. Op der Lëscht vum Januar awer ass de Betrib nieft 36 Aneren opgelëscht, déi net fir d‘Asammelen a Recycléiere vun hiren Emballagen opkommen. Salami-Taktik, seet d’Oppositioun, déi en Donneschdeg de Mëtteg di selwecht Erklärungen an der Ëmweltkommissioun krut.

“Entweder wousst d’Ministesch, datt di non-Konformitéit bestanen huet, dann ass dat grave. Oder si wousst net dovunner, dann ass dat och grave, well dann huet se sech, hire Ministère an d’Verwaltung net richteg organiséiert an dann ass dat politesch och net an der Rei”, seet de Gilles Roth, Co-Fraktiouns President vun der CSV.

“Dat do ass fir eis als Oppositioun net credibel”, esou d'Myriam Cecchetti vun déi Lénk. D'Deputéiert hätte misse Capriole maachen, fir zu hirem Recht ze kommen, fir Informatiounen ze kréien. Transparenz an Demokratie wär eppes anescht.

D'Ëmweltministesch iwwerdeems huet ënnerstrach, si wär rosen iwwer d‘Verwaltung, dass déi Lëscht iwwersi gouf. Den Direkter Robert Schmit huet sech formell bei hir entschëllegt. De Feeler soll elo intern retracéiert an opgeschafft ginn. Awer och d’Valorlux muss sech erklären, an ass e Freideg op eng Entrevue convoquéiert. D’Oppositioun ass doriwwer verwonnert, nodeem hir Demande, fir d’Valorlux an d’Kommissioun ze ruffen, e Mëttwoch ofgeblockt gouf.

“Et kann net sinn, dass gëschter (e Mëttwoch) e Vertrieder vun déi gréng gesot huet, si hätte lo gär den Audit vun der Valorlux. Haut d’Ministesch seet, si géif de President ruffen, fir en eescht Wuert mat him ze schwätzen... dat ass fir eis quasi Drock opgebaut bis hin zur Erpressung, wann déi weiderhin Informatioune géifen erausginn, déi der Ministesch net geneem sinn, dass déi musse mat Konsequenze rechnen. Esou dierfe mir an enger Demokratie net schaffen", betount de Marc Goergen vun de Piraten

D’Carole Dieschbourg iwwerdeems preziséiert, den Interêt wier, dass d’Acteuren all uerdentlech zesumme schaffen. Dofir géif si d’Valorlux gesinn, fir d’Mëssverständnesser aus dem Wee ze raumen an ze kucken, wéi een dat do pro-aktiv gemeinsam kéint ugoen.

Causa Millen Dieschbourg: Ministesch revidéiert Aussoen, Verwaltung huet Schreiwes vun 200 Säite fonnt

Back to Top
CIM LOGO