SantéskommissiounEt gëtt weider un de Covid-Gesetzer gefeilt

Pit Everling
Ënnert anerem gouf festgehalen, dass d'Donnéeë vun de Leit sollen an Zukunft 3 Méint no der Erhiewung pseudonymiséiert ginn.

Et si keng grondleeënd Ännerungen, mä éischter Prezisiounen. Et gëtt weider un de Covid-Gesetzer gefeilt. En Dënschdeg de Moie stoungen an der parlamentarescher Santéskommissioun eng Partie Amendementer um Ordre du Jour.

Ënner anerem gëtt beim Dateschutz de rezente Fuerderunge vun der Mënscherechtskommissioun Rechnung gedroen, wat de Marc Baum vun Déi Lénk staark begréisst.

Marc Baum: Bis elo war et sou, datt d'Donnéeë gehale gi wieren bis 3 Méint nodeems d'Gesetz ausleeft. Elo gëtt kloer gesot: 3 Méint nodeems d'Donnée kollektéiert gouf, gëtt se pseudonymiséiert.

De Marc Baum

Domat géing deen exzessive Spillraum, deen et bis ewell gouf, ageschränkt ginn, seet de Marc Baum.

Déi Lénk an och d'CSV hunn ze verstoe ginn, datt se mat den Texter kéinte liewen, obwuel eng Rei Onkloerheete géinge bestoe bleiwen. D'CSV plädéiert och weiderhi fir eng Tracing-App.

Am ofgeännerte Gesetztext gëtt och d'Dispositioun ausgeweit, datt bei bestëmmte Krankheete keng Masken-Obligatioun gëllt, wann en Dokter-Certificat virläit.

Déi sanitär Reserve soll duerch Psychotherapeuten an Apdikter kënne verstäerkt ginn.

Fluchgesellschafte mussen an Zukunft gewëss Donnéeën automatesch un d'Santé weider reechen.

Ënner anerem dës Ännerungen wäerten an d'Covid-Texter afléissen, war um Dënschdeg de Moien no der virtueller Kommissiounssëtzung gewuer ze ginn.

Eng Reunioun, déi ganz konstruktiv war, sot den LSAP-Deputéierten Mars di Bartolomeo, deen och fir den neien Text als Rapporter designéiert gouf.

Et wier wichteg, datt et nom 24. September kee Vide wäert ginn, wat d'legal Basis fir den Tracing ugeet. Ënner anerem dowéinst geet et mat de Plenièren am Cercle dann och éischter lass wéi geplangt.

Mars Di Bartolomeo: Mir mussen dat Gesetz virum 24. September stëmmen. Déi ëffentlech Sëtzunge wäerten also net eréischt am Oktober ufänken. Iergendwéini tëscht dem 18. an 22. September wäert d'Chamber beienee kommen, fir dat hei an eventuell aner Gesetzer ze stëmmen, déi nach noutwenneg sinn.

De Mars Di Bartolomeo

Am ofgeännerten Text gëtt iwwregens och präziséiert, datt Visièrë keen adequate Protectiounsmoyen sinn.

Back to Top
CIM LOGO