
D'CCDH versteet, datt déi Period am Kader vun de Corona-Reglementer verlängert gouf. D'Kommissioun vermësst awer Explikatiounen zur Necessitéit an zur Proportionalitéit.
Allgemeng, sou d'consultativ Mënscherechtskommissioun an engem Communiqué de Méindeg de Moien, géife verschidden Dispositiounen an de Covid-Gesetzer nach ëmmer géint Mënscherechter verstoussen. An zukünftegen Texter misst deem Rechnung gedroen ginn.