TransportwiesenEntreprise Da Costa Almeida vun Éilereng huet Faillite deklaréiert

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise Da Costa Almeida vun Eilereng, déi am Transportwiesen aktiv ass, ass faillite.
© pixabay

Dat, nodeems den Employeur wärend Méint seng Salariéen net bezuelt hätt, schreift den OGBL. D'Mataarbechter hätten zanter dem Summer och keng Aarbechte méi ze maache kritt, ma de Betrib war bis den 31. Oktober net faillite deklaréiert ginn, bis d'Gewerkschaft OGBL d'ITM an d'Bild gesat huet. Elo kéinten déi 14 Salariéen, déi concernéiert sinn, eventuell vun den Indemnités de faillite profitéieren, esou den Onofhängege Gewerkschaftsbond.

Back to Top
CIM LOGO