
Nom Tëschefall mat enger Dron wärend dem Europa-League-Match tëscht dem F91 Diddeleng a Qarabag Agdam aus dem Aserbaidschan ass d'Police nach ëmmer mat hiren Enquêten am Gaang a wäert bannent den nächste Wochen d'Justiz heiriwwer informéieren.
Dat äntwert de Minister fir bannescht Sécherheet François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Nancy Kemp-Arendt a Paul Galles.
Wéi et heescht, hätt d'Police virum Match vun der Uefa och keng Informatiounen driwwer krut, datt d'Partie misst ënnert besonnesche Sécherheetsvirkéierungen oflafen, well u sech mat friddleche Supporter gerechent gi war.
Dass et awer ewell zu ähnlechen Tëschefäll bei Matcher vum FC Qarabag komm war, wéi e Survol mat enger Dron, gouf net matgedeelt.
Wéi dunn d'Dron mat engem armenesche Separatistefändel iwwert de Stadion geflunn war an d'Situatioun riskéiert huet ze degeneréieren, wiere bannent kierzter Zäit eng 30 weider Beamten an de Stadion geruff ginn.
D'Dron an och déi Schëlleg konnten net lokaliséiert ginn, och d'Auswäerte vu Kamera-Biller sollt näischt bréngen, well d'Qualitéit ze schlecht war.