Crémants-Drauwe ginn aktuell gelies. Et gëtt sech e qualitativ gudde Joergang erwaart. Dat huet och domadder ze dinn, datt d'Wieder déi leschte Méint de Wënzer an d'Kaarte gespillt huet. Ma och si musse sech bei der Lies der aktueller Pandemie upassen.
Wärend dëser Period gi vill Leit gebraucht, déi eng Hand bei der Lies mat upaken. Dacks kommen dës Saisonsaarbechter aus dem Ausland. Sou kommen e Freideg 10 Leit aus Polen bei den Ern Schumacher, fir an de Wéngerten ze hëllefen. A wéinst der aktueller Pandemie ginn och speziell Mesuren ergraff. Bei Vinsmoselle gëtt dacks op Pendler zréckgegraff, déi aus dem noen Ausland hëllefe kommen.
Speziell Moossname goufen par contre an der Kellerei vun der Genossenschaft en place gesat. Souwuel bei de Privatwënzer, wéi Vinsmoselle geet een dovunner aus, dass ee bis den 10.Oktober de Gros vun den Drauwen ënnerdaach huet