Stëftung SolinaEng Zesummenaarbecht, déi Mënschen hëlleft

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi sozial oder och familiär Problemer hunn, kënne sech u si adresséieren an op Hëllef hoffen.
Stëftung Solina - Eng Zesummenaarbecht, déi Mënschen hëlleft
Leit, déi sozial oder och familiär Problemer hunn, kënne sech u si adresséieren an op Hëllef hoffen.

D’Stëftung Solina regroupéiert 3 Associatiounen, déi am Beräich vum Sozialen aktiv sinn. Et sinn dat d’Jongenheem, d’Aarbechtshëllef an och d’Solidarité jeunes, déi knapp 200 Mataarbechter betreien an Honnerte Beneficiairen.

Um Mëttwoch huet d’Stëftung op hir Aufgabe gekuckt an de Rapport d’activités 2018 vun der Solidarité Jeunes presentéiert.

Do gouf dann och de Point gemaach, wat d’Situatiounen an den ënnerschiddleche Foyeren ugeet. Wat de Placement Dag a Nuecht ugeet, goufen et zum Beispill 483 Placements socio-educatifs. 58 Placementer gouf et an déi sougenannten Maisons de l’Etat. 122 Placementer an socio-educatifs Centres vum Staat.

Mam Zesummeféieren vun den 3 Associatiounen, déi weiderhin eenzel bestoe bleiwen, wëll een den Austausch vun den Informatiounen tëscht den ASBLe verbesseren, wat am Sënn vun de Betraffene wier.

Méi iwwert d'Aarbecht vu Solina am Audio vum President Marco Wagener.

Marco Wagener

Back to Top
CIM LOGO