
An der Stad am Garer Quartier an der Rue de Strasbourg konnt een Drogendealer verhaft ginn, dee seng preparéiert Wuer verstoppt hat. Nodeems de Mann gemellt gouf, konnt eng Patrull dësen identifizéieren a festhuelen. Op der Plaz konnt dunn och no kuerzer Sich eng Tut fonnt ginn, wou 10 Gramm Kokain an 13 Gramm Heroin dra waren. Beim Duerchsiche vum Verdächtege gouf och Boergeld an en Handy fonnt. De Parquet huet ordonéiert, dass de Mann festgeholl gëtt an d'Géigestänn confisquéiert ginn.
Zu Diddeleng an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte si Beamten op eng Grupp vu jonke Männer opmierksam ginn, wéi ee vun de Männer séier e Géigestand verstoppte wollt, wéi hien d'Police gesinn huet. Bei der Kontroll gouf dunn eng Tut mat Marihuana fonnt esou wéi eng kleng Wo. Wärend der Kontroll war de jonke Mann onroueg ginn a misst Handschellen ugedoe kréien a schliisslech mat op de Policebüro. De Parquet huet dunn d'Géigestänn esou wéi d'Droge confisquéiert an ordonéiert, dass eng Hausduerchsuchung gemaach soll ginn. Bei dëser konnten eng Rëtsch Handye fonnt ginn, esou wéi eng weider Wo, ee Grinder an eng Patroun vun enger Schosswaff. De Parquet huet ee Protokoll ordonéiert géint de jonke Mann, esou wéi géint eng weider Persoun wéinst Verstouss géint d'Waffegesetz.
Zu Rolleng hunn d'Beamte bei enger Kontroll de Geroch vu Marihuana wouergeholl. Wéi de Chauffeur drop ugeschwat gouf, huet dësen de Beamten eng gréisser Plastikstut mat Marihuana iwwerreecht. Beim Duerchsiche vum Auto a vum Fuerer konnten d'Beamte weiderhin geréng Quantitéiten un Haschisch a Marihuana fannen, esou wéi Boergeld, 2 Handyen an ee Grinder sécherstellen. Den Drogen-Schnelltest war positiv, wourop eng Bluttprouf ordonéiert gouf. Bei der Kontroll vun de Pabeiere gouf festgestallt, dass d'Vignette ofgelaf war. De Parquet huet e Protokoll ordonéiert.