
Um 11.26 Auer bei der Kockelscheier op der Héicht vum neie "Stade de Luxembourg" kruten 2 Autoe sech ze paken. Dobäi gouf et 1 Blesséierten. D'Ambulanz, d'Pompjeeën an d'Police vu Lëtzebuerg waren op der Plaz.
Da koum et bësse mi spéit um 11.52 Auer zu engem weidere Virfall zu Diddeleng op der Route de Luxembourg, wou een Auto an ee Motorrad aneneegerannt sinn. Och do war d'Ambulanz op der Plaz, esou wéi d'Police an d'Pompjeeën. Et gouf eng Persoun blesséiert.
Zu Réimech an der Rue des Tanneurs huet et an enger Wiss gebrannt. D'Pompjeeë vu Réimech, Munneref a vun Duelem waren op der Plaz, esou wéi d'Police. Kee gouf blesséiert.
Zu Schuller an der Rue du Stade huet och eng Heck gebrannt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Dippech a vu Käerjeng, esou wéi d 'Police.
Zu Siren an der Rue Aloyse Ludovissy huet och eng Heck gebrannt. Och do waren d'Pompjeeë vu Weiler zum Tuer, Mutfert a vun Duelem op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.