
Zu Dikrech waren dräi Autoen, een deem aneren hannendrop gefuer, ee vun de Chauffeuren hat och ze vill gedronk, hie krut ee provisorescht Fuerverbuet.
Och zu Ëlwen krut een ee Fuerverbuet. Den Automobilist war géint een Objet gefuer an hat e Platten. Wéi d'Police schreift, wier de Mann alkoholiséiert gewiescht.
Zu Zolwer dann hat een, deen ze déif an d'Glas gekuckt huet, bal een Accident mat enger Patrull. De Chauffeur ass nämlech op d'Géigespur geroden. Wéi d'Police de Mann doheem untreffe konnt, war hien am Gaang, säin Auto ze parken. Am Gefier souz och nach ee Kand vu 5 Joer.
An der Stad ass dann eng Fra an eng Mauer gerannt an dono an een Ofspärgitter. Beim Accident sinn dräi weider Gefierer beschiedegt ginn. Och hei hat d'Fra hannert dem Steier ze vill gedronk a si krut e Fuerverbuet.
Tëscht dem Schlammestee a Weiler zum Tuerm ass der Police géint 5 Auer de Freideg de Moien een Auto an engem Gruef gemellt ginn. De Chauffer gouf net blesséiert, hat awer ze vill gedronk.