Déi meescht aus Syrien an Eritrea. 2010 waren et der vill aus dem Irak. Esou och d'Famill Dlimi, déi mir viru knapp 10 Joer am Flüchtlingsheem an der Weilerbaach kennegeléiert haten. D’'Kanner Ali a Shan waren deemools nach kleng.
Wat ass aus hinne ginn? Am Hierscht 2011 war d'Famill Dlimi vu Bagdad zu Lëtzebuerg an der Weilerbaach ënnerkomm. Den deemools 12 Joer alen Ali a seng kleng Schwëster Shan haten deemools scho vill matgemaach a gesinn.
Virum Krich an der Korruptioun ass d'Famill 2010 aus hirem Heemechtsland geflücht. Mam Fliger an d'Tierkei. Du goung et verstoppt an engem Camion weider. Destinatioun onbekannt. 6 Deeg laang ware si ënnerwee, ouni Dagesliicht ze gesinn. Schlussendlech koume si zu Lëtzebuerg un, wou den Amer Asyl fir sech a seng Famill ugefrot huet.
E Sonndeg hate mir Rendez-vous mam Shan. Aus dem klenge Flüchtlingsmeedchen ass eng 17 Joer jonk Fra ginn, déi d'Vergaangenheet hannert sech gelooss huet.
Einfach war et ugangs net am neie Land, mat de ville Friemsproochen, wäit ewech vun der Famill an de Frënn. Ma d'Leit wären op hatt duerkomm. D'Shan ass haut am Lycée Bel-Val op enger 3e Science Sociales a wëll spéider fir Zänndoktesch léieren.
D'Famill Dlimi ass dankbar fir d'Chance op en Neiufank hei zu Lëtzebuerg. D'Fändelen un der Fassad hänken net wéinst Nationalfeierdag, ma zanter 2016, dat Joer, an deem si an d'Haus geplënnert sinn. Och den Ali huet sech gutt agelieft. Hien huet awer méi Schwieregkeete wéi seng kleng Schwëster, d'Biller aus dem Irak ze vergiessen.
Den Ali hat eng Léier als Coiffeur ugefaangen, dës awer ofgebrach. Zanter kuerzem schafft hien als Taxichauffer. Hien hofft geschwënn e Kontrakt op onbefrist Zäit ze kréien.
D'Famill Dlimi huet zu Lëtzebuerg en neit Doheem fonnt. Virun 11 Joer war hir Situatioun ongewëss. Wéi hinnen deemools, geet et och haut weltwäit Millioune Mënschen, déi op der Flucht sinn, well hir Heemecht net sécher ass.