Escher DéiereparkEn Déiereführerschäi fir Kanner

RTL Lëtzebuerg
Vum Auto bis bei de Bus - Führerschäiner ginn et en masse. Ma huet scho Mol een eppes vum "Déiereführerschäin" héieren?
Permis animaux / Reportage Liz Heintz (6.11.19)
Vum Auto bis bei de Bus - Führerschäiner ginn et en masse. Ma huet scho Mol een eppes vum "Déiereführerschäin" héieren?

Am Escher Déierepark kënnen déi Kleng deen elo maachen.

Den Déiereführerschäin ass geduecht fir Kanner, ma si kënnen hiert Wëssen duerno natierlech och Doheem weider ginn. E gëtt ugebueden, fir méi iwwert Kanéngercher oder Mierschwéngercher gewuer ze ginn. An dat net ouni Grond: Dës Déiere sinn net nëmme beléift bei Kanner, mä ginn och dacks falsch gehalen.

Esou léieren si, dass eng Kanéngche ganz vill Plaz brauch, fir ze hoppelen, sech ze verstoppen an ze spillen. Am Käfeg sëtze sollt eng Kanéngchen deemno op kee Fall. Eng aner wichteg Lektioun ass déi vun der Fidderung. Kanéngercher si nämlech Planzefréisser, ma och net all Geméis oder Uebst ass gutt fir si. Sou solle si zum Beispill keng Avocado z'iesse kréien. Zum Schluss vum Cours kréien d'Jongen an d'Meedercher dann och e richtege "Führerschäin", dee si houfreg jidderengem weise kënnen.

Back to Top
CIM LOGO