ChamberÉischte Schratt fir neit Integratiounsgesetz

Pierre Jans
Lëtzebuerg muss een neit Integratiounsgesetz kréien. Doriwwer gouf et en Donneschdeg grousse Konsens an der Chamber.
© Dan Wiroth (Archiv)

Den CSV-Deputéierte Paul Galles hat d'Regierung interpelléiert. Doropshi war d'Ministesch fir Integratioun Corinne Cahen en Donneschdeg am Cercle. D'Parteie konnten hir Iddie virdroen, an där gouf et der eng jett. Technesch gouf virop iwwer den Nationale Rot vun den Auslänner, den CNE, an deem seng Missiounen diskutéiert. Méi theoretesch war wuel d'Fro, ob Integratioun iwwerhaapt dee richtegen Term wär.

Integratiounsdebatt / Reportage Pierre Jans

Knapps fënnef Stonnen huet d'Consultatiounsdebatt gedauert. E Resümmee ze maachen, onméiglech. Um Enn goung et fir déi meescht Politiker awer ëm d'Fro, wéi d'Gesellschaft kéint ausgesinn, wéi Mënsche mat verschiddenen Nationalitéiten hei zesummeliewe kënnen. An zwar hei am Land. Den Discours vu frieme Mënschen, déi an déi soi-disant lëtzebuergesch Gesellschaft missten integréiert ginn, gefält dem CSV-Deputéierte Paul Galles net.

"Vill méi géif ech gäre vun enger eenzegen, gesamter, faarweger, multiformer Gesellschaft zu där mir alleguerte gehéieren. Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, déi mir hei de ganzen Dag oder zäitweis zesumme liewen."

Fir de Fred Keup vun der ADR huet den Term ''Integratioun'' eng positiv Konnotatioun. Multikulturalitéit wär de Géigendeel dovun, eng Trennung. De Fred Keup ass och der Meenung, dass d'Lëtzebuerger sech net schwéier di mat der Integratioun, mä déi aner, d'"Auslänner".

"Ech menge bei all Korrektheet, bei der Jovialitéit, déi mir hinnen entgéint bréngen, kënne mir roueg drop pochen, dass si och e Schratt maachen, fir sech unzepassen, ze integréieren."

D'Integratiounsministesch Corinne Cahen widdersprécht.

"Här Keup, dat wat Dir gemengt hutt, dat war Assimilatioun: "D'Leit kommen hei hinner a si hu sech hei unzepassen.'' Ech sinn net där Meenung, ech sinn der Meenung, déi Leit, déi heihinner kommen, déi bréngen e Räichtum mat. Déi sollen hei ons kenneléieren a mir si."

Domat waren d'Fronte gekläert. Quasi all d'Deputéiert wëllen, dass d'Zesummeliewe besser fonctionéiert. Ma et ass net einfach, well ëmmer méi Leit de Wee aus diverse Grënn, fräiwëlleg oder heiansdo och net, op Lëtzebuerg fannen. Pro Joer kommen 23.000 Matbierger bäi. Um Enn wunne si a Gemengen. D'Umelle misst méi ewéi een administrativen Akt sinn, gëtt de Charles Margue vun deene Gréngen ze bedenken. Déi sëllegen Associatioune paken och eng Hand mat un, wou se kënnen. De Staat och. Eng Instanz deet sech awer schwéier: de Conseil National des Etrangers.

Nach eng Kéier d'Corinne Cahen: "Dat ass fir mech eng schwiereg Geschicht. Zanter dass ech do sinn, huet de CNE nach ni richteg funktionéiert."

Deem seng 34 Membere solle sech mat de Problematiken, déi Auslänner concernéieren, beschäftegen. Dee Conseil soll wéi eng Beruffskummer professionaliséiert ginn, fënnt d'CSV. D'LSAP proposéiert, de Rot méi kleng ze maachen. Eng Instanz tëscht Gemengen a Staat. D'Regierung wëll fir d'éischt Missiounen nei klären. Kloer ass: de CNE muss reforméiert ginn.

Zesummeliewen heescht och zesummen decidéieren, seet den David Wagner vun déi Lénk.

"D'Gemengewalrecht. Déi Derogatioun, dass ee fënnef Joer hei am Land muss sinn, komm mir schafen déi of."

Natierlech koum och d'Flüchtlingsproblematik a ville Rieden zur Sprooch. De Wëlle fir Verbesserung a Saachen Integratioun ass do. De legale Kader nach net.

Back to Top
CIM LOGO