Neie SiteËffentlech an einfach Petitioune méi accessibel fir jiddweree maachen

Roy Grotz
Dat iwwer en neie Chamber-Site, wou een online kann an Zukunft seng Petitiounen eraginn, deen e Méindeg presentéiert gouf.
© Screenshot petitiounen.lu

Wéi d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt erkläert huet, wier de neie Site www.petitiounen.lu a 4 Sprooche gehalen, sou datt en inklusiv, visibel a participativ ass.

D'Petitiounen dierfen allerdéngs nëmmen an den 3 offizielle Verwaltungssprooche vum Land deposéiert ginn.

De Site kann och via e Smartphone oder en Tablet opgeruff ginn, fir eng Petitioun eranzeginn, respektiv natierlech eng Petitioun ze signéieren.

An der Moyenne gëtt quasi all Dag eng nei Petitioun zu engem spezifesche Probleem an der Chamber deponéiert. Zanter datt dëse Moyen vu Participatioun vun all Eenzele geschaaft gouf, goufen iwwer 1.500 Petitiounen un d'Parlament adresséiert.

Déi nächst Debatt iwwert eng ëffentlech Petitioun ass d'nächst Woch am Cercle, wou et ëm d'Thematik vun der Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul geet.

Back to Top
CIM LOGO