
"Vill eeler Leit a krank Leit hunn Angscht a sinn eleng. Et muss alles gemaach ginn, fir dës Leit ze protegéieren, mee hinnen awer och en Deel vun hirer Fräiheet zréckzeginn.", dat huet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber betount. Déi gréissten Oppositiounspartei huet eng Motioun deposéiert, an där si en nationalen Aktiounsplang fir vulnerabel Leit gefuerdert huet. Allerdéngs hunn d'Regierungsparteie mat Nee gestëmmt. An den Ae vum Martine Hansen missten awer eng Partie Punkte gekläert ginn.
"D'Zur-Verfügung-Stelle vum néidege Schutzmaterial fir d'Leit an de Strukturen, doheem, fir de Besuch. An dat muss transparent organiséiert, gereegelt a kommunizéiert ginn. FFP2-Maske fir déi eeler a vulnerabel Leit. Ech hoffen, datt mer eise Stock genuch opgestockt hunn, well am Ausland ginn déi ëmmer méi dacks Flicht an dofir wëlle mer garantéieren, datt et keng 2-Klassen-Gesellschaft gëtt."
D'CSV huet donieft ënnert anerem e geziilten Asaz vu Schnelltester gefuerdert, psychologesch Betreiung an en transparenten Impfplang. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet betount, datt déi vulnerabel Leit Deel vun der Gesamtstrategie vun der Regierung wieren a präziséiert, datt en zousätzlecht Konzept fir Alters- a Fleegeheemer ausgeschafft géif ginn.
Anere Sujet den Dënschdeg de Mëtteg am Cercle war dann den Impakt vun der Kris op d'Uni Lëtzebuerg an d'Studenten. Den zoustännege Minister Claude Meisch huet erkläert, datt d'Uni 1 Millioun Euro investéiert huet, fir den Unterrecht à distance komplett ze garantéieren an de Studenten an Enseignanten Equipementer zur Verfügung ze stellen. D'Uni hätt och iwwert dat lescht Joer gemierkt, datt hir psychologesch Betreiung immens staark consultéiert gouf.
"D'Uni huet och dorop reagéiert an huet méi Servicer en place gesat, fir souwuel d'Studenten awer a Relatioun zu eneen ze halen, de Kontakt net ofbriechen ze loossen a wann et muss sinn och eng psychologesch Consultatioun kënnen duerchzeféieren."
Eng Fro, déi een am A misst behalen, wier déi vum Chiffer vu Studenten, déi an de leschte Méint hire Studium ofgebrach hunn, huet de Claude Meisch nach betount. Et géif een dovun ausgoen, datt et där eng Partie goufen, vu datt et fir vill Studenten net evident war ze studéieren, ouni aner Leit ze gesinn, respektiv en Austausch mat anere Studenten ze hunn.
Et muss een extrem virsiichteg sinn, wat e méiglechen Impfpass ugeet. Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber betount. Am Kader vun der Froestonn wollt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëssen, wat d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung wier a Punkto Impfpass oder méiglech Privileegie fir Leit, déi geimpft sinn. De Jean Asselborn huet ënnerstrach, datt ee géint en Impfzwang ass an een eréischt, wann all Mënsch Accès op eng Impfung huet, kéint op dee Wee goen, mä virdru sécher net.
265 Milliounen Euro goufen op den Dag vun en Dënschdeg vum Mëttelstandsministère un Aiden ausbezuelt. Dee Chiffer huet den zoustännege Minister Lex Delles den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber genannt. Net manner wéi 5 Froen hu sech mat de Bäihëllefen am Horesca-Secteur beschäftegt. Ronn 1.800 Betriber hätten Demanden entweder fir eng oder alleguer d'Aiden gemaach. 2.300 Betriber ginn et hei zu Lëtzebuerg am Secteur. De Minister huet awer betount, datt vill Aiden nach bis de 15. Februar kënnen ugefrot ginn. Verschidde Betriber hätten nämlech einfach keng Demande gemaach.
Wat d'Delaien ugeet, huet de Mëttelstandsminister ënnerstrach, datt hei dacks en Amalgamm tëscht dem Chômage partiel an den Aidë gemaach géif ginn. An der Moyenne géif et 2 Wochen daueren, bis d'Aiden ausbezuelt wieren, vun deem Moment un, wou d'Demande komplett ass. Beim Chômage partiel géif et méi laang daueren.
Ech fannen et net responsabel, datt d'CGFP an dësen Zäiten eng Streikprozedur wëll lancéieren. Dat huet de Minister fir d'Fonction publique, de Marc Hansen en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber betount. Et wier net nozevollzéien, datt d'Staatsbeamtegewerkschaft annoncéiert, a Conciliatioun wëllen ze goen an dann ze kucken, wéi et weidergeet.
De Marc Hansen huet ënnerstrach, datt eng Conciliatioun den Ufank vun enger Streikprozedur wier. Hien huet och net gëlle gelooss, datt d'CGFP alles gemaach hätt, fir dës Prozedur ze evitéieren, well bis elo wier net mat him geschwat ginn. Seng Dier géif awer grouss opstoen, fir sachlech iwwert d'Sujeten, déi der Staatsbeamtegewerkschaft en Dar am Ae sinn, ze schwätzen.