No Kläpperei zu EttelbréckEe Mann wollt sech net berouegen a koum an Arrest

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend ass d'Police um 22.30 Auer iwwer eng Kläpperei an enger Wiertschaft zu Ettelbréck an der Rue Tschiderer informéiert ginn.
© RTL Archivbild

En alkoholiséierte Mann hat een anere Client ugegraff. D'Police wollt de Mann zu Ried stellen, deen awer ëmmer méi aggressiv reagéiert huet. Verstäerkung huet misse geruff ginn a well e sech partout net berouege wollt, koum Pefferspray an den Asaz. Hien koum an Arrest fir sech ze berouegen. Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO