Protestpiquet wéinst ExpulsiounEe konfuust "Mietverhältnis" op der Stater Gare

Monique Kater
D'Locatairen aus 8 miwweléierte Studioen an der Glesenerstrooss sollte fir den 31. August hir Wunneng verlooss hunn.
Konfuust Mietverhältnis
RTL

Flott ass et net bannenan, Gewulls, ze vill Leit an engem klenge Raum, eng Waasserfuite… Et freet ee sech, firwat iergendeen iwwerhaapt do wëll bleiwen. Déi betraffe Locatairen hu bestëmmt en Argument dofir.

"Op der Stater Gare ginn 8 Stéit, déi do a miwweléierte Studioe wunnen, op Strooss gesat a mir organiséieren dofir op 55, an der Gliesenerstrooss e Protestpiquet." Dëse Message vun der Asbl Mieterschutz Lëtzebuerg goung de leschte Freideg un d'Presse. Den Office Social vun der Stad hätt hinne Bescheed gesot an drop higewisen, datt dat hei net den éischte Fall vun Expulsioun nom Etat de crise wär.

Present waren och déi Stater Lénk, fir déi dat hei kloer e Verstouss ass géint d'Recht vun all Mënsch op Logement. Souwäit si am Bild wieren, géif et awer hei keen Urteel an domadder och keen Déguerpissement, sou de Guy Foetz vun déi Lénk.

Fir d'Leit vun der Asbl Mieterschutz ass et kloer: de Proprietär géing hei Drock maachen, fir d'Locatairen erauszekréien.

© Domingos Oliveira

Vum Proprietär koum d'Reaktioun, dass bis elo keen iwwer Geriichtsurteel erausgehäit ginn ass an dass den Zoustand vum Gebai esou schlecht wier, dass eng Renovatioun sech géing imposéieren.

D'Stad Lëtzebuerg reagéiert an engem Schreiwes op d'Virwërf, näischt géint d'Expulsioun ënnerholl ze hunn. Och si verweisen drop, dass keen Urteel géing virleien an ee sech un déi legal Obligatiounen gehalen hätt.

PDF: Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO