PoliceEe Foussgänger zu Bieles, en Zweeten zu Déifferdeng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen an de leschte Stonnen 2 Foussgänger ugestouss a blesséiert.

E Mëttwoch krut eng Automobilistin géint 16.30 Auer an der Zolwer Strooss zu Déifferdeng e Foussgänger um Zebrasträif ze paken. D'Affer gouf blesséiert, wéi d'Police präziséiert awer net ganz uerg.

Ee weidere Foussgänger gouf en Donneschdeg de Moie géint 7 Auer zu Bieles an der Escher Strooss ugestouss. Eng Automobilistin war virum Rondpoint op der Héicht vun der Gemeng stoe bliwwen, fir eng jonk Fra eriwwer ze loossen. Een anere Chauffer, deen aus dem Rondpoint wollt erausfueren, huet d'Foussgängerin iwwersinn, déi schonn um Zebrasträif war a krut se ze paken. D'Fra gouf dobäi op de Buedem geschleidert. Si koum mat der Ambulanz an d'Spidol, iwwert de Gesondheetszoustand ass näischt gewosst.
An der Stad sinn dann an der Nuecht op en Donneschdeg och nach zwou Jeepe geklaut ginn, zwee Range Roveren, schreift d'Police, e schwaarzen an een opfälleg bronzenen.

Back to Top
CIM LOGO