
E Méindeg de Mëtteg krut d'Police e Mann gemellt, deen zu Bur an der Lëtzebuerger Strooss aus enger Bensinsstatioun getierkelt koum a mat sengem Gefier a Richtung Tënten gefuer ass. D'Police huet de Won tëscht Bur an Tënten gestoppt. Den Alkoholtest war positiv, de maximalen Héchstwäert war awer net erreecht. Deemno krut de Mann e Protokoll, konnt säi Permis awer behalen. Weiderfueren duerft de Mann awer net méi.
Zu Aassel an der Lëtzebuerger Strooss war géint 17 Auer ee weidere Chauffer ënnerwee, deen ze vill gedronk hat. Hie war vun der Strooss ofkomm a krut eng Stroosseluucht ze paken. De Schock war esou hefteg, dass d'Luucht op d'Fuerbunn gefall ass. Zeien hunn ausgesot, dass de Won virum Accident am Zickzack ënnerwee war. De Chauffer gouf liicht blesséiert. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.