Den "Earth Overshoot Day" fir Lëtzebuerg fält op de 16. Februar, d'lescht Joer war et den 19. Februar. Wann d'ganz Welt géif esou konsuméieren a funktionéieren, wéi de Grand-Duché an d'Leit, déi hei wunnen a schaffen, da wären all d'natierlech Ressourcen, déi am Laf vun engem Joer kënnen nowuessen e Sonndeg verbraucht.
Nëmmen de Katar steet weltwäit méi schlecht do.
Fir déi schlecht Placéierung ass virop déi enorm héich national CO2-Bilanz responsabel. D'Lëtzebuerger Politik ass sech eens, dass déi an der Haaptsaach duerch de Verkaf vu Pëtrolsproduiten zustane kënnt. Iwwer d'Method, wéi een den CO2-Austouss reduzéiere kann, gëtt allerdéngs gestridden. D'Regierung wëll de Verbrauch vu Sprit mat méi héijen Accisen an enger CO2-Steier onattraktiv maachen. Der Oppositiounspartei CSV no misst een éischter kucken, fir den Transitverkéier vun auslännesche Camionen ze reduzéieren.