Uechtert d'LandE puer Mol goufen en Dënschdeg Abriecher op frëscher Dot ertappt

RTL Lëtzebuerg
Zu Eech goufen Onéierlecher in flagranti op engem Balcon erwëscht. Si hate sech duerch eng Fënster um Rez-de-chaussée Zougang zum Gebai verschaaft.
© RTL Archiv

Täterbeschreiwung vun der Police:

- Beide Männer wurden auf ein ungefähres Alter von 30 Jahren geschätzt, waren von heller Hautfarbe und trugen schwarze Kleidung.
- Einer der Männer soll etwa 1,55 m groß und von dünner Statur gewesen sein während der andere Mann breite Schultern hatte und ungefähr 1,70 m groß war.

Weider Abréch

En ähnleche Virfall gouf der Police en Dënschdeg géint 11 Auer zu Märel an der Rue Louis XIV gemellt. Iwwerdeems de Bewunner nach am Bett louch, stoung op eemol en Abriecher mat Täscheluucht nieft him. Dësen hat d'Wunnengsdier opgebrach. Wéi sech erausgestallt huet, gouf op der selwechter Adress an e weidert Appartement agebrach, fir no Wäertgéigestänn ze sichen.

Och zu Bieles an der "Route d'Esch" gouf en Dënschdeg tëscht 10.30 an 11.45 Auer an en Haus agebrach. Hei goufe Wäertgéigestänn matgeholl.

Wéi et vun der Police heescht, waren de Weekend och Onéierlecher zu Heeschdref an der "Rue de Luxembourg" ënnerwee.

Wéi een am Fall vun engem Abroch reagéiere soll a wéi ee präventiv dogéint virgoe kann, fënnt een um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO