112E Blesséierte bei Accident tëscht Beetebuerg a Léiweng

RTL Lëtzebuerg
Wéi et säitens dem 112 heescht, war eng Persoun an hirem Won ageklemmt.
© RTL Archiv

Um kuerz virun 12 Auer koum et e Sonndeg tëscht Beetebuerg a Léiweng zu engem Accident, bei deem een Auto dran involvéiert war.

Wéi et heescht, gouf eng Persoun am accidentéierte Won ageklemmt a blesséiert.

Eng Ambulanz vu Beetebuerg, d'Rettungsekippe vu Beetebuerg a Réiser an de Samu waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO