Victor Hugo HalE Bléck hannert d’Kulisse vum provisoreschen Impfzenter

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer war et nach eng Plaz, wou d’Lycéesschüler sech konnten amusëieren. Elo ass et fir vill Leit d’Hoffnung op en normaalt Liewe ginn.
Bléck hannert d’Kulisse vum Impfzenter Lampertsbierg
De Camille Groos ass responsabel fir de ganze Stock am Impfzenter an huet eis en Abléck an d’Logistik hannert dem Impfzenter ginn.

Zanter e Méindeg gëtt rëm an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg geimpft. Dobäi bréngt sou ee provisoreschen Impfzenter och déi eng oder aner Erausfuerderung mat sech, virun allem wann et ëm de Stock vum Vaccin geet.

De Camille Groos ass zanter engem Joer pensionéiert. Do virdru war hie Chef-Apdikter am Spidol um Kierchbierg. Wéi d’Pandemie ausgebrach ass, huet hie sech bei der Reserve sanitaire gemellt a vu Mäerz bis Juni an der Cellule de Crise um Ministère ausgehollef. Elo ass hie responsabel fir de ganze Stock am Impfzenter. Dat geet vun Desinfektiounsmëttel iwwer Händchen a Maske bis hin zu den Impfstoffer.

Dës gi vun him an der Zentral bestallt an da réischt an den Zenter bruecht. Hei musse se dann op verschiddenen Temperature gelagert ginn. Och sos kommen d‘Impfstoffer mat jeeweils ënnerschiddleche logisteschen Uspréch.

Fir eise Reportage, huet de Camille Groos eis en Abléck an d’Logistik hannert dem Impfzenter ginn an eis vun där enger oder anerer Erausfuerderung erzielt.

Back to Top
CIM LOGO