
Virop waren et op internationalem Niveau déi sëllegen nei Handelskricher, Beispill tëscht den USA a China.
Dat huet den Handel gebremst, idem bei Produktioun an Investitiounen. D'Mäert di sech an Zäite vun Onsécherheeten dacks schwéier.
Och d'Eurozon blouf net verschount a virop Däitschland. Bei eisem wichtegsten Handelspartner huet ee quasi all Mount missen d'Wuesstemsprognosen no ënne revidéieren.
Och 2020 dierft deen Trend unhalen.
Déi Lëtzebuerger Ekonomie hat am éischte Semester nach uerdentlech ugerappt, dono koum eng relativ Stagnatioun an déi dierft unhalen.
D'Inflatioun misst d'nächst Joer mat 1,6% relativ moderat bleiwen. D'Léin, esou de Statec, wäerten d'nächst Joer an der Moyenne ëm 2,5% klammen. Bei der Beschäftegung rechent een mat Plus 3,2% fir 2020. De Chômage soll mat 5,3% stabel bleiwen.