Awunner zu LëtzebuergD'Vollekszielung ass dëst Joer den 21. Juni

RTL Lëtzebuerg
All 10. Joer ass nees eng Vollekszielung. Den Datum fir dëse Recensement gouf e Freideg am Regierungsrot op den 21. Juni festgeluecht.
© RTL-Archiv

Zanter 1839 ass et fir d'37. Kéier, datt nogezielt gëtt, wéi vill Leit am Grand-Duché wunnen. Fir all d'Daten z'erhiewen, setzt de Statec op Online-Formulairen op guichet.lu, mä et sollen och bis zu 3.500 Leit an den Asaz kommen, déi vum 1. Juni un an de Stéit mam Froebou laanscht kommen.

Bei der leschter Vollekszielung 2011 goufe ronn 521.300 Leit am Land gezielt. Donnéeë vun 2019 vum Statec no waren et dunn ewell ronn 626.000 Residenten.

Nieft dem Zréckgräifen op virun allem den digitale Wee, fir de Recensement z'erhiewen, gëtt och net méi no Nationalitéit, Familljestand oder dem Gebuertsland gefrot.

D'Froebéi sinn a 5 Sprooche verfaasst: Nieft dem Lëtzebuergesche sinn et Franséisch, Däitsch, Portugisesch an Englesch.

D'Decisioun gëtt via Règlement grand-ducal festgehalen - deemno gëtt nieft de Persounen, déi am Land wunnen, och erhuewen, wéi vill Stéit, Logementer a Wunnengen et ginn.

D'Resultater leien no Auswäertung eréischt ugangs 2023 vir.

Offiziellen Text

Le Conseil a adopté le projet de règlement grand-ducal prescrivant un recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché au 1er juin 2021.
Ce règlement grand-ducal a pour objectif d'organiser le recensement général de la population, des logements et des bâtiments du 1er juin 2021. Le recensement décennal occupe une place de choix dans le système statistique national. En dehors du nombre de résidents, il permet d'obtenir des données détaillées sur la situation socio-économique et les conditions de logement de la population vivant au Grand-Duché. Ce recensement servira d'ailleurs à répondre aux obligations communautaires du Règlement (CE) no 763/2008 du Parlement européen et du Conseil du 9 juillet 2008 concernant les recensements de la population et du logement.

PDF: Regierungsrot

Back to Top
CIM LOGO