
D’Uni.lu läit do nämlech tëscht de Plazen 601 bis 700, vun am ganzen 1000. Zil vun deem Ranking wier et, fir d'Qualitéit vum Léieren a vun der Fuerschung, un Hand vu verschiddene Critèren wéi Publikatiounen, Zitatiounen oder Auszeechnungen ze ermëttelen.
Iwwer 2000 Uni’en an Héichschoule goufen dofir am Virfeld gepréift.
D’Uni Lëtzebuerg ka sech dëst Joer deemno verbesseren, well am Ranking vun 2019, loung een nach op de Plazen 701 bis 800.
Dem Shanghai-Ranking no sinn déi 3 bescht Uni’e weltwäit iwwregens Harvard, Stanford a Cambridge. An den Top10 si mat Cambridge an Oxford och just zwou Europäescher, nieft 8 amerikaneschen Universitéiten.