CGFP"Duerchwuess a kee konkret Entgéintkomme vum Minister fir d'Fonction Publique"

RTL Lëtzebuerg
Dat ass déi virleefeg Conclusioun vum CGFP-Nationalcomité, nodeem ronn 30 Fachverbänn beim Minister waren, fir hir sektoriell Uleies virzedroen.
© Archivfoto

Wéi et vun der Staatsbeamtegewerkschaft heescht, wieren dës Reuniounen an enger ugespaanter Atmosphäre verlaf. D'Aussoe vum Marc Hansen wieren enttäuschend gewiescht a vill sektoriell Revendicatiounen hätten direkt am Usaz ewell eng rout Kaart krut.

Fir d'CGFP schéngt et esou, datt de Minister Hansen d'Verhandlunge mat der CGFP als lästege Flicht-Exercice wéilt séier hannert sech bréngen. Dobäi wieren d'Verhandlungen duerch de Virgänger Dan Kersch mat der CGFP ofgemaach gewiescht.

D'Gewerkschaft huet och d'Impressioun, datt de Minister Hansen sech wéilt virun senger Responsabilitéit drécken an duerfir op d'Direktere vun den eenzelen Administratioune verweist.

D'CGFP kënnt zur Conclusioun, datt d'Politik amgaangen, ass ënner Zäitdrock ze kommen, well d'sektoriell Gespréicher missten bis Enn 2020 ofgeschloss sinn. Et géif ee keen Echec acceptéieren, heescht et, an et wier ze bedaueren, wann et no esou engem eventuellen Echec eng reegelrecht Well vu sektorielle Konflikter géif ginn.

Am CGFP-Nationalcomité huet ee sech och extrem iwwert Aussoen vum UEL-President Nicolas Buck gewonnert, wou sech gefrot gi war, wat d'CGFP nieft dem OGBL an dem LCGB géif bei enger Manifestatioun de nächsten Dënschdeg maachen.

D'CGFP wier vollwäertege Member am Comité permanent de l'Emploi, sou datt et normal wier, datt ee solidaresch mat den anere Gewerkschaften wier. D'Aussoe vum Nicolas Buck op eiser Antenn bezeechent d'CGFP als "blank Provokatioun".

LINK: Background am Gespréich mam Nicolas Buck (UEL)

Back to Top
CIM LOGO