Horesca-SecteurD'Terrasse wëll een och am Hierscht net direkt opginn

RTL Lëtzebuerg
An de Caféen oder Restauranten huet ee corona-bedéngt manner Sëtzplazen, wéi déi Jore virdrun. Op verschiddene Plaze gouf dat vun der Terrass opgefaangen.
D'Terrasse wëll een och am Hierscht net direkt opginn
An de Caféen oder Restauranten huet ee corona-bedéngt manner Sëtzplazen, wéi déi Jore virdrun. Op verschiddene Plaze gouf dat vun der Terrass opgefaangen.

Enn Mee duerft den Horesca-Secteur seng Dieren erëm opmaachen, dat natierlech ënnert enger Rei Mesuren. Dëscher sti méi wäit auserneen an domadder ginn och d'Plaze fir d'Clienten automatesch reduzéiert. E grousse Virdeel haten do d’Betriber mat enger Terrass, déi de Verloscht vun der Plaz dobannen ausgeglach hunn.

Mä wéi gesinn elo d'Pläng fir den Hierscht aus?

Esou lues geet et op den Hierscht zou an d'Temperature ginn erof. Grat esou hëlt och d'Demande vun der Clientèle, fir op der Terrass kënnen ze sëtzen, of. Den Horesca-Secteur huet awer scho wärend dem Confinement gelidden. Nach weider Kapazitéiten an de Restauranten an an de Caféen ze verléieren, wier fir de Secteur ganz schlecht. Et gëtt awer Méiglechkeeten, dobannen erëm méi Plazen ze schafen.

De François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca: "Also dat eenzegt, wat se mussen oder kënne maachen, ass, dass se an Trennungen an a Scheiwen investéieren, dat gëtt et jo villsäiteg. Et gëtt Trennungen aus Glas oder aus Kartong mat engem Plexiglas dran. Ech mengen, et ginn eng ganz Partie Mesuren, déi ee kann huelen, wou een Dëscher erëm méi ka rapprochéieren."

Den Horesca-Secteur sollt d'Terrassen awer net direkt opginn. Eng Léisung wieren hei d’Heizstraler, ob elo elektresch oder mat Gas bedriwwen.

De François Koepp: "Also wier et immens gutt, dass mir alles en place setzen, fir dass d'Terrassen esou laang wéi méiglech kënne bedriwwen ginn. Dozou zielt och am Hierscht elo an eventuell och am Wanter d’Hëtzen, fir dass een och am Wanter kamoud a praktesch op enger Terrass ka sëtzen, fir säi Liewen ze genéissen.

D’Hëtze praktesch ëmzesetzen ass awer net ëmmer esou einfach. Sou hänkt déi Méiglechkeet dacks mat der Gréisst vun der Terrass a mam Wëlle vum Client zesummen.

De Restaurant Fabrik huet schonn 2 Champignonen, fir ze hëtzen. Déi déngen awer nëmme fir d'Fëmmerten, déi 5 Minutten dobausse stinn, an net fir Clienten, déi eng bis zwou Stonnen op der Terrass sëtzen.

D'Terrassen am Hierscht komplett zouzemaachen, ass awer net virgesinn.

De Max Leches, Operatiouns Manager vu Concept & Partners: "Et ass ëmmer schéin, e puer Dëscher méi ze hunn. Ech denken awer, méi fir e Patt ze drénken.

Op den Horesca-Secteur elo Heizstraler notzen dierf, ass vun der Gemeng ofhängeg. Fest steet, dass et an d'Geld schléit an och ökologesch keng dauerhaft Léisung ass.

Back to Top
CIM LOGO