Esou och de Sam Molitor, dee mir bei senger Rentrée zu Genève begleet hunn. Hien huet dëst Joer e Master an nohalteger Entwécklung ugefaangen an ass frou, erëm e richtegt Studenteliewen ze féieren. "Soss hat een d’Onlinecoursen an et gëtt een e bësse faul, fir et emol esou ze soen, an hei huet een awer déi gereegelt Coursen an da fillen ech mech scho méi motivéiert."
Hien ass ee vu ville Lëtzebuerger, deen et fir d'Studien an d'Ausland zitt. D'Lëtzebuerger Studente sinn am europäesche Vergläich déi Studenten, déi am meeschten am Ausland studéieren.