Dowéinst bleift d’Jessica Bastian fir e weidert Joer um Troun.
D’Wäifester laanscht d’Musel sinn dann och fir dëst Joer ofgesot. Fir dann awer net ganz op déi flott Festivitéiten ze verzichten, gëtt dëse Weekend een Drive-in zu Gréiwemaacher organiséiert. Bei dëser Geleeënheet ginn d’Stéit och mat Wäin verwinnt.
Kee Freedefeier, kee Cortège an awer loosse se sech d’Stëmmung op der Musel net verdierwen.
