Et ass wuel eng ganz besonnesch mat wuel esou ville Preparatiounen ewéi nach ni. Nieft de Schüler am Fundamentale a Secondaire ass et Enn der Woch d'Rentrée fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg. Och hei goufe sech déi leschte Woche vill Gedanke gemaach.
Et géif ee sech virun allem um internationalem-Universitéiten-Niveau orientéieren. Ma och observéieren, wéi eng Mesuren an de Schoulen a Lycéeën zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn, respektiv gutt fonctionéieren.
Bis ewell ass fir d'Rentrée e Freideg en Hybrid-System geplangt.
Wéi zanter Mäerz soll ee Groussdeel vun de Studenten doheem per Video ënnerriicht ginn. Dat béi Klassen, déi méi grouss ewéi 20, respektiv 40 Persoune sinn – ofhängeg vun der Gréisst vum Auditorium.
D'Catherine Leglu, Vizedirektesch vun der Uni Lëtzebuerg.
„D'Course mat Presence vun de Studenten soll awer erhale bleiwen, wann méiglech, mä nëmme fir kleng Gruppe bis maximal 20 Persounen. Wann et méi Studente sollte, gëtt probéiert e Rotatiounssystem ze etabléieren, wou all Woch en aneren Drëttel vun der Klass physesch present ass. Déi aner participéieren à distance“
Nieft de klassesche Sécherheetsmesuren proposéiert och d'Uni Lëtzebuerg fir d'Rentrée COVID-19 Tester. Dat fir d'Studenten, Professeren, a Personal mat direkte Kontakt zu de Studenten.
Sollt et zu engem positive Fall an enger Klass kommen – steet de Protokoll och schonn, esou d'Vizedirektesch.
„Sollt et zu engem positive Fall kommen, muss den Numm vun der Persoun confidentiel gehale ginn. Deen Ament gëtt eng ganz Klass an Isolatioun, net Quarantaine, an dierf déi nächst 2 Wochen net op d'Uni kommen.“
D'Professere wiere virun der Rentrée gewarnt ginn, e Plang B, also e komplett digitale Cours, op d'Been ze stellen, wann eng nei Well iwwert d'Land sollt abriechen.
