Arnaque via SMSD'Police warnt viru falsche Gewënn-Messagë vu Supermarché

RTL Lëtzebuerg
Wann Dir eng SMS kritt mam Text "Dir sidd dës Woch op der Lëscht vun de Gewënner. Vous êtes sur la liste de nos gagnants" sollt Dir besser net drop agoen.
© Police

Wéi d'Police e Méindeg de Mëtteg opmierksam gemaach huet, zirkuléieren den Ament falsch Gewënn-Messagen, wou een dozou verleet gëtt op e Link ze klicken.

D'URL vum Link verréit, dass net de Supermarché hannert dem presuméierte Gewënnspill stécht.
No e puer Froe soll een dann e Gewënn auswielen a muss seng Donnéeën uginn. Spéitstens elo sollt ee skeptesch sinn a sech d'Fro stellen, ob een iwwerhaapt bei engem Gewënnspill matgemaach huet a wien déi perséinlech Infoen herno kritt.

Hutt Dir dee Schratt gemaach an Är Donnéeën duerchginn, gëllt et opzepassen. Am Klenggedréckten uewen op der Säit steet, dass no 6 Deeg automatesch 85 Euro Abonnement ofgebucht ginn.

E Gewënn gesäit anescht aus! Et handelt sech hei deemno definitiv ëm eng Arnaque vun engem oder e puer Onéierlecher.

Sollte Sue vun Ärer Kaart ofgebucht ginn, kënnt Dir bei der Police eng Plainte maachen.

Méi Detailer a Virsiichtsmoossname fënnt een op BEE SECURE. D'Police réit an deem Sënn och, Famill a Bekannter ze warnen.

Back to Top
CIM LOGO